D'Julia Fischer fir zwee Concerten an der Philharmonie

0 Views· 11/20/22
Musek am Gespréich
Musek am Gespréich
0 Subscribers
0
In Improv

Mat dräi Joer hat si hieren éischte Geiecours an zanterhier ass si net méi ewegzedenken aus der internationaler Szen vun de grousse Geiistinnen a Geiisten. Riets geet vun der Julia Fischer. Geschter Owend war si fir ee weidere Concert an der Philharmonie. Ee Concert bei deem si dem Felix Mendelssohn Bartholdy sai Geieconcerto Opus 64 gespillt huet. Mat hir op der Bün stoung d'Staatskapelle Dresden ënnert der Baguette vum David Afkham. An dës Kéier war déi däitsch Geiistin net nëmme fir ee Concert op Besuch zu Letzebuerg, ee direkt zwee. de Freiden Owend huet si zesumme mam selwechten Orchester awer ënnert der Leedung vum Tugan Sokhiev gespillt - do stoung dem Ludwig van Beethoven sai Geieconcerto um Programm. An engem Gespréich mat der Julia Fischer de Freiden Moien hat d'Marie Schockmel d'Gelegenheet, vill spannend Abléck an d'Liewen an d'Karriär vun der Julia Fischer ze kréien.

Show more

 0 Comments sort   Sort By


Up next