George Harrison - Living In The Material World (05/1973)

0 Views· 08/19/23
Déjà Vu
Déjà Vu
0 Subscribers
0
In Improv

Fir den George Harrison ass de "material world" net deen, no deem mir solle striewen: no senger Indien-Experienz mat senger fréierer Band, de Beatles, ass hie selwer stänneg op der Sich no spirituellem Inhalt, deen hien an eiser westlecher Welt vermësst. Seng Lidder beschäftege sech op dësem Album mam Mënsch a sengem Ëmfeld, mat der Sich no neie Wäerter, wou net de Besëtz vu Gidder un éischter Plaz steet - Tracks wéi "Give Me Love Give Me Peace On Earth" - eng Nummer 1 an den Charts -, "The Lord Loves The One That Loves The Lord" oder "The Light That Has Lighted The World" bréngen dës nei spirituell Orientéierung vum Museker gutt eriwwer. Als Gäscht derbäi sinn ë. a. Klaus Vormann a Ringo Starr, béid aus gemeinsame Beatles-Zäiten, de Spooky Tooth-Tastemann Gary Wright an de Keyboarder Nicky Hopkins, dee vill fir d'Rolling Stones am Asaz war. Den Harrison huet d'Rechter vum Album u seng Hëllefsfondatioun fir de Bangladesch ofgetrueden. Zwee Joer virdrun hat hien am New Yorker Madison Square Garden en opwännegen duebele Benefice-Concert fir dat jonkt asiatescht Land ginn. De Fred Medernach erënnert un dëse Release aus dem Mee 1973.

Show more

 0 Comments sort   Sort By


Up next