Mozart vum 19. Joerhonnert

0 Views· 07/16/23
Musek am Gespréich
Musek am Gespréich
0 Subscribers
0
In Improv

Hie gouf de Mozart vum 19. Joerhonnert genannt - de Felix Mendelssohn Bartholdy. Schonn als Teenager huet hien als Pianist geglänzt, hat 12 Sträichersymphonië geschriwwen a mam Oktett säin éischt grousst Wierk, dat haut seng fest Plaz am Repertoire vun der Kammermusek huet. De Mendelssohn war Dirigent am Gewandhaus zu Leipzig, huet déi éischt Opféierung vun der Matthäus-Passioun nom Bach sengem Doud dirigéiert. Säi grousst Wierk huet hie bannent engem kuerzen, awer intensive Liewen komponéiert. De Mendelssohn stierft de 4. November 1847 zu Leipzig. Hien hat 38 Joer.

Show more

 0 Comments sort   Sort By


Up next