Symphonikerin am Land vun der Oper

0 Views· 08/29/23
Sequenza
Sequenza
0 Subscribers
0
In Improv

An deene leschte Joren hunn d'Solistes Européens, Luxembourg konsequent symphonesch Musek vun der Louise Farrenc opgeféiert an och opgeholl. Datt sech d'Louise Farrenc virun allem mat Symphonien am Land vun der Grand Opéra een Numm gemaach huet, ass schonn aussergewéinlech. Trotz der Ënnerstëtzung vu Komponiste-Kolleege wéi dem Antonin Reicha, hat d'Louise Farrenc et net einfach am Museksbetrib. Si huet sech um Enn awer duerchgesat, gëtt Professorin um Conservatoire de Paris an dat mat demselwechte Gehalt wéi hir männlech Kolleegen.

Show more

 0 Comments sort   Sort By


Up next