Entdeckungen aus der däitscher Romantik

0 Lượt xem· 08/25/23
CD-Klassik
CD-Klassik
0 Người đăng ký
0
Trong

En CD, dee sécher eng Beräicherung an der Kollektioun vun all Mënsch ass, dee gär klassesch Musek lauschtert an awer och mol nei Entdeckunge wëllt maachen. Den ORF-Radio-Symphonieorchester Wien huet eng CD erausbruecht, op där nëmme Wierker vum Komponist Georg Goltermann drop sinn. Deen däitsche Romantiker huet vill Repertoire fir den Cello geschriwwen - ënner anerem aacht Concertoen. Op dësem Disk gëtt deen éischten Cellosconcerto mat der alleréischter Opnam vum Komponist senger Sinfonie op.20 gekoppelt. De Christophe Mirkes huet den CD gelauschtert.

Cho xem nhiều hơn

 0 Bình luận sort   Sắp xếp theo


Tiếp theo