"Telemann grenzenlos"

0 Views· 08/17/23
CD-Klassik
CD-Klassik
0 Subscribers
0
In Improv

46 Joer laang war de Georg Philipp Telemann Director Musices zu Hamburg, als quasi de musikalesche Patron vun der Hansestad, eng vun deenen dichtegste Plazen déi Zäit am Museksliewen. D'Engagement zu Hamburg war fir den Telemann awer net just eng net schlecht bezuelten Éier, mee och d'Verflichtung, Sonndeg fir Sonndeg nei Musek fir déi fënnef grouss Kierchen ze liwweren, dernieft och nach fir ëffentlech Manifestatiounen ze komponéieren an net ze vergiessen d'Oper um Gänsemarkt. Eng vun deene populäerste Kompositiounen, déi den Telemann fir de Senat vun der Stad geschriwwen huet, ass seng Waassermusek "Hamburger Ebb und Fluth", déi et mat aneren Telemann-Wierker op engem Disk mam Bremer Barockorchester ze héiere gëtt.

Show more

 0 Comments sort   Sort By


Up next